Fynn Falkenau a Steve Lacroix wiesselen op Berbourg


06 February 2018

Als zweeten Transfert am Wanter wiesselt den 19 Joer aalen Fynn Falkenau vum Racing Union Luxembourg op Berbourg. De jonken Offensivmann huet an der Jugend bei Entracht Trier an an der Racing Jugendacademie gespillt. Daat läscht halleft Joer war hien bei den CS Grevenmacher ausgeléint.

Zesumme mam Philipp Galle, kann de Fynn sech an eng jonk Equipe afügen déi perspektivesch gutt fir d‘Zukunft opgestallt ass. D‘Altersmoyenne läit ënner 25 Joer, mat nëmmen zwee Spiller déi méi wéi 30 Joer hunn.

Bei der zweeter Equipe gëtt et e Wiessel op der Trainerbänk. De Steve Lacroix iwwerhëllt de Posten vum Jorge Freitas. De Steve huet scho viru Joren fir Berbourg gespillt a war ënner aanerem och e wichteg Element beim Opstieg 2011 an déi éischt Divisioun. Fir de Schluss vu sénger aktiver Carrière war hien op Biwer gewiesselt a kënnt elo an enger aanerer Funktioun zréck.

Mir heeschen all eis Neizougäng Wëllkomm a wënschen hinnen bonne Chance.