Fortuné Katalay wiesselt op Berbuerg


11 August 2020

Mam Fortuné Katalay hu mir nach e leschten internationalen Transfert fir eis Aventure an der Eirepromotioun getätegt. De 24-jährege Stiermer mat engem duerchaus interessante CV kënnt vun RUS Givry aus der 4. belscher Liga.

Ugefaangen huet hien an der Belsch zu Visé a beim Sporting de Charleroi. 2014 ass hien op Verviers gewiesselt fir an der 3. belscher Liga ze spillen an huet daat Joer drop mam RFC Seraing an der professionneller 2. belscher Liga gespillt. No engem Zwëschestopp an der U23 vum SV Sandhausen (2. Bundesliga an Däitschland) ass hien zanter Januar bei RUS Givry a wiesselt lo op Berbourg.

Mir si frou de Fortuné bei eis begréissen ze kënnen a wënschen him vill Goaler am orangen Trikot.

Mir si Berbuerg!