Flieten DRIVE-IN de 4. Juli am Stade Renert


06 June 2020

FLIETEN DRIVE-IN AM STADE RENERT! Eis beschtbekannte Flieten ginn et "à emporter" an ouni aus dem Auto ze klammen!

Well eis Wies'n-Fest souwéi och eise Penalty 2020 leider dem COVID-19 zum Opfer gefall sinn, versiche mir trotzdeem an dësen ongewëssen Zäiten fir eis trei Memberen a Sympathisanten do ze sinn. An zwar mat enger eemolegeer an eenzegaarteger Aktioun. Eis beschtbekannte Flieten (oder Chicken Wings) - déi dir secher all vum Penalty kennt - kënnt dir bestellen an am Stade Renert Drive-in ofhuelen. Nom Motto: Ukommen, bezuelen, Iessen ofhuelen a fortfueren - an daat alles ouni eng Kéier aus dem Auto ze klammen!

- COMBO (8 Flieten, Fritten an 3 Saucen) fir 12 Euro
- Portioun Flieten (8 Chicken Wings incl. Hot Sauce) fir 10 Euro
- Portioun Fritten (incl. Mayo & Ketchup) fir 4 Euro

BESTELLUNGEN w.e.g. bis Mëttwochs den 1. Juli op info@berdenia.lu oder +352 621 758 244

GRATIS Liwwerservice fir vulnérabel Leit aus de Gemengen Bech a Manternach!

AM VIRAUS SEET DEN FC BERDENIA BERBOURG VILLMOOLS MERCI FIR ÄER ËNNERSTËTZUNG!!!

flyer flieten take away.jpg

flyer flieten merci.jpg