FLF U18 gewënnt géint Montenegro
05 June 2018
Viru ronn 300 Zuschauer gewënnt déi Lëtzebuerger U18 den Owend am Stade Renert mat 3-2 den internationalen Frëndschaftsmatch géint hier Alterskollegen aus dem Montenegro. Den entscheedenden Goal fällt an der 91. Minutt op 11m zu Gonschten vu Lëtzebuerg.
Goaler fir Lëtzebuerg:
1-0 Nuno Vilar 17’
2-2 Yannick Schaus 56'
3-2 Nuno Vilar 91’
Parallel zu der A-Nationaléquipe, déi den Owend mat 1-0 am Stade Josy Barthel géint Georgien gewonn huet, beweist deemno den nationalen fussballereschen Nowuess dass och sie op engem gudde Wee sinn.