FIFA Referee Badge fir de Gilles Becker


21 November 2017

D'FLF huet d'Lëscht mat de FIFA Arbitteren fir d'Joer 2018 bekannt ginn. De Berbuerger Arbitter Gilles Becker ass ee vun insgesamt 6 lëtzebuerger Arbitterassitenten déi mam FIFA Badge international Matcher päifen, oder an desem Fall "wénken" dierfen. D'Propose, déi schon am Juni vum Comité des Arbitres Fédéraux vun der FLF ugeholl ginn ass, ass elo offiziell vun der FIFA confirméiert ginn.



De Gilles Becker huet beim FC Berdenia Berbourg ugefaang mat Fussball spillen an huet als laangjährege Spiller a Member vum Veräin fir d'éischt an de Jugendkategorien gespillt an duerno bei der 1. an 2. Equipe. No sénger aktiver Carrière war hien och am Comité, an ass elo zanter 3 Joer als Arbitter a Linieriichter op den in- an auslänneschen Terrain'en ënnerwee.



De Veräin félicitéiert dem Gilles fir séng Promotioun zum FIFA Referee a wënscht him bonne Chance a vill Spaass bei sénger Aufgab.



Niewt dem Gilles Becker ass och nach den Alex Krüger als Arbitter vum Veräin an der BGL Ligue an op internationalem Niveau ennerwee.

D'FLF sicht och weiderhinn nach jonk a motivéiert Leit fir dësen interessanten an usprochsvolle Parcours. Vlaicht ass de Wee vum Gilles a vum Alex jo den Ufank vun der Motiviatioun fir deen een oder aaneren Nowuessarbitter aus de Bebuerger Reihen.



Hei déi offiziell FIFA-Lescht vun den Arbitteren an Assistenten fir 2018:

Arbitres FIFA: Alain Durieux, Laurent Kopriwa, Christophe Pires

Arbitres assistants FIFA: Gilles Becker, Daniel da Costa, Joaquim da Silva, Tom Hansen, David Mateus, Claude Ries

Arbitre FIFA féminine: Tania Morais