FCBB FANSHOP - ELO BESTELLEN!


04 November 2020

UN ALL EIS SPILLER, VIP-MEMBEREN, MEMBEREN, FANS A SYMPATHISANTEN
--> DE FANKATALOG 2020-2021 ASS ENDLECH DO!
 
Bestellt elo är Artikelen per Mail op shop@berdenia.lu

Hei de Link op de Katalog: FCBB Fankatalog 2020-2021
 
An Zesummenaarbescht mat eisem Equipment Partner Reebou City Sports vu Steesel, si mir frou Iech e puer flott Artikelen am dezenten Orange-Schwaarze Look mat Berdenia Logo kënnen unzebidden. An et ginn och Kannergréissten!
 
Kuckt iech de Katalog eng Kéier duerch a kleed iech an de Berdenia Faarwen an. Maacht iech selwer eng Freed oder denkt, grad lo virun de Feierdeeg, och un är Kanner, Famill a Frënn. Wann dir lo nach mat Zäite bestellt, kommen äer Artikelen nach ënnert de Beemchen.
 
Niewt dem Katalog hu mir awer och nach de Berdenia Buff - Eirepromotioun Edition, deen dir fir 10 Euro kritt.
 
Fir eng Bestellung ze maachen, schéckt eis einfach eng Mail mat de Referenznummeren an de Gréissten u shop@berdenia.lu. Detailer zu der Bezuelung an der Liwwerung kritt dir duerno per Mail.
 
Mir all zesummen si Berbuerg!