FC Potaschbierg gewënnt Penalty 2018


18 June 2018

E Samsdeg war d'Fortsetzung an domat d'Finalronn vum Eelefmetertournoi deen déi Woch virdrun huet missen op Grond vun Onwiederwarnungen ofgebrach ginn. 15 Equipen waren nach eng Keier an 3 Gruppen un de Start gaangen woubäi déi zwee Eischt aus all Grupp schlussendlech an zwou knackegen K.O.-Ronnen ëm den Titel gekämpft hunn. Manner grouss an trotzdem nach eng Keier eng flott Ambiance, a fir verschidden Penaltyschützen wuel och eng ganz nei Erfahrung, wann een d'Endronnen mat manner Béier wéi gewinnt spillen kann.

No knapp 1h30 war de Programm dann och schon duerch, wou zum Schluss den FC Potaschbierg sech behaapten an domat schon fir d'zweet den Tournoi gewannen kann.

Hei d'Plazéierungen an d'Präisser vum Kings of Penalty 2018:

1. FC Potaschbierg - Terrapads vun der Firma Eye-T vu Manternach

2. Ultimate Team - Remisebongen vun 175 EUR vum Pneus Center zu Frisange

3. Panzvollisten - Bong fir en Teamiessen am Restaurant Koeppchen zu Wormeldange-Haut

4. SC Nankatsu - Crémant Aly Duhr

Den Organisatiounscomité gratuléiert dem FC Potaschbierg an den aaneren Equipen um Podium, a seet allen Equipen en décke Merci dass se matgemaach hunn, a besonneg deenen déi nach eng zweete Kéier ugetruede sinn. Och eisen Sponsoren soen mir op dëser Plaz villmols Merci fir hier jorelaang Ennerstëtzung.

Bis nächst Joer