FC Berdenia trauert ëm den Denis Pfeiffer


08 April 2021

Den FC Berdenia trauert ëm säin ehemoolegen Trainer Denis Pfeiffer. Den Denis war vun 1990 bis 1992 bei eis am Veräin a konnt 1991 als Spiller-Trainer den Opstieg (deemools nach am Play-Off vun den 3 Drëttplazierten) an déi zweet Divisioun feieren. 

Mir drécken sénger Famill eist häerzlechst Bäileed aus an denken och un déi sëllege Fussballsfrënn déi hien am Laaf vu senger Carrière kennen a schätze geléiert hunn.

Rouh a Fridden Denis!