Eng Fraenéquipe fir déi nei Saison


01 April 2019

UPDATE 01.04.2019 17:07: Abrëllsgeck! Mir kreien leider keng Fraenéquipe op Berbuerg!

A sénger Sëtzung vum leschten Donneschdeg, huet de Comité vum Veräin décidéiert fir déi nei Saison eng Equipe Filles unzemellen. Opgrond vun enger grousser Nofro vu weibleche Fussballspillerinnen, huet de Veräin sech zu dësem historeschen Schrëtt entschloss. Ab der Saison 2019/2020 wäert den FC Berdenia dann elo no méi wéi 70 Joer fir d'alleréischt och eng Fraenéquipe am orangen Trikot an d'Championnat schécken.

Och wann et organisatoresch net einfach wäert ginn well déi zwee Terrain'en scho vun eise Seniorsequipen a vun der Jugendentente gutt besat sinn, sou freen mir eis awer an Zukunft och eis Berdenia Girls um Terrain spillen ze gesinn.

Elo geet et drëm fir nach déi lescht Transfert'en ze maachen. En Trainer ass och scho fonnt, a gëtt fir den Trainingsoptakt Ufanks Juli presentéiert.

All motivéiert Fussballspillerin iwwer 16 Joer, déi dësen Challenge zesumme mam FC Berdenia Berbourg wëll unhuelen, ka sech gären op filles@berdenia.lu mellen.