Eis nei Arbitteren am Asaz


06 March 2019

Leschte Weekend hunn eis zwee frësch gebaken Nowuessarbitteren d'Finall vun de Poussins am Futsal gepaff. Déi zwee Bridder Laurent Kirsch (19 Joer) a Jerôme Kirsch (17 Joer) sinn am Summer bei eis komm an hunn de Wee als Arbitter ageschloen. Domat kreie mir niewt eisen erfuerenen Arbitteren Alex Krüger a Gilles Becker eng jonk a motivéiert Verstäerkung.

De Laurent an de Jérôme heesche mir nach nodréiglech häerzlech Wëllkomm am Veräin a wënschen hinnen vill Spaass an hierer neier Roll. Et ass flott ze gesinn dass jonk Sports- a Fussballbegeeschterter dësen wichtegen Challenge unhuelen.