Eis Arbitteren an der Nations League


22 November 2018

D'lëtzebuerger Nationaléquipe huet déi éischt Campagne vun der Nations League jo mat engem gudde Resultat ofgeschloss, och wann et net duer gaangen ass fir den Draam vun der éischter Plaz an der Grupp 2 vun der Liga D ze erreechen.

Doderniewt sinn awer och nach weider Lëtzebuerger an der Nations League ënnerwee. Eng lëtzebuerger Arbitterdelegatioun huet e Méindeg den Owend de Match Liechtenstein-Armenien am Rheinpark zu Vaduz geleed (Endstand 2:2). Niewt dem Haaptarbitter Alain Durieux, waren och eis zwee Berbuerger Arbitteren am Asaz: de Gilles Becker als Linieriichter an den Alex Krüger als 4. Offiziellen.

Et ass ëmmer rëm flott ze gesinn wéi si sech fir de Fussball engagéieren an eise Veräin op der internationaler Fussballsbühn vertrieden. Respekt a weider sou!