Eis 1. Equipe 2019-2020


18 August 2019

An der leschter Woch virum Optakt vum Championnat ass et dann lo och un der Zäit eis Transfert’en viirzestellen.

Insgesamt 10 Neizougäng wäerten déi kommend Saison am orangen Trikot spillen an d’Equipe op verschiddene Positioune verstäerken: 

- Suvad Spahic, 24 Joer, Ausseverteideger, kënnt zréck vum FC Schengen 

- Daniel Ulbrich, 28 Joer, variablen Verteideger, kënnt vum SG Wittlich/Lüxem 

- Kemal Omerovic, 21 Joer, Innenverteideger, kënnt vun US Hostert, war déi lescht Saison un US Berdorf-Consdorf 01 ausgeléint 

- Thomas Lanchard, 21 Joer, Innenverteideger aus der Géigend vu Paräis, kënnt vun USAG Uckange hei vir a Frankräich 

- Asahi Watanabe, 24 Joer, zentrale Mëttelfeldspiller, kënnt aus Japan an huet lescht Joer beim Marsa FC op Malta gespillt 

- Amadu Candé, 24 Joer, offensive Mëttelfelspiller, kënnt temporaire vun Union Mertert-Wasserbillig, huet awer ënner aanerem och fir den SV Innsbruck gespillt 

- Daniel Morcela, 20 Joer, offensive Mëttelfeldspiller, kënnt aus der Schwäiz aus der Jugend vum FC Couvet 

- Hideyuki Kawamura, 24 Joer, offensive Mëttelfeldspiller, kënnt aus Japan an huet lescht Joer beim Marsa FC op Malta gespillt 

- Ren Anda, 24 Joer, Stiermer, vun Union Mertert-Wasserbillig ausgeléint 

- Imran Rafdy, 17 Joer, offensive Mëttelfeldspiller, kënnt vum FC Munsbach a war lescht Saison un den FC Canach ausgeléint 

Do dergéint stinn just 3 Ofgäng: 

- Daniel Contrino, eise laangjährege Spiller an deelweis och Kapitän vun der Equipe, probéiert an der neier Saison säi Gléck eng Divisioun méich héich, mat Union Mertert-Wasserbillig an der Eirepromotion 

- Rayane Laouira, war déi lescht Saison u Jonglenster an der Eirepromotioun ausgeléint, a wiesselt lo temporaire bei den Racing FC Union Luxembourg

 
- Philipp Galle, nodeems eng Verlängerung vu sengem Engagement zu Berbuerg net méiglech war, geet hien zréck an Däitschland bei den FC Könen.
 
Eisen Ofgäng wensche mir bonne Chance bei hieren neie Veräiner an eis Neizougäng heesche mir häerzlech Wëllkomm an der Berdenia-Famill. Mir freeën eis op eng hoffentlech erfollegräich Saison!