EIREPROMOTIOUN MIR KOMMEN!!!


07 July 2020

Wat fir en historeschen Daag fir den FC Berdenia! Mir steigen op a spillen d'Saison 2020/2021 an der Eirepromotioun!

Dëst ass méiglech ginn nodeems e Referendum vun der FLF gestëmmt ginn ass fir déi iewescht Divisiounen opzestocken. Och wann et e bëssen onerwaard kënnt, mir frëen eis trotzdeem rieseg... a ganz onverdéngt ass et jo och net, gedau ;-)

Waat ass den Hannergrond: Wéinst der Covid-19 Pandemie hat d'FLF jo fréihzäiteg d'Saison a sämtlechen Divisiounen oofgebrach, an déi beschtplazéiert opsteige gelooss a keng Equipe oofsteige gelooss. Geplangt war fir no 1 oder 2 Iwwergangssaison'en rëm an den normale Modus zréckzekommen. Allerdéngs ass no enge Reih Gespréicher mat de Veräiner e Referendum vun der FLF organiséiert ginn fir permanent mat 16 amplaz 14 Equippen an den ieweschten Divisiounen ze spillen. Daat positivt Resultat vun dësem Referedum souwéi och d'Fusioun vun der Millebach (BGL Ligue) an RM Hamm Benfica (EP) hunn eis an d'Kaarte gespillt a sou steigen mir als beschten Drëtten vun der 1. Divisioun an d'Eirepromotioun op.

Waat heescht daat lo fir de Veräin: An éischter Linn ännert sech mol nët vill. Mir si Berbuerg a mir bleiwe Berbuerg, och an der Eirepromotioun! Natierlech wësse mir awer och dass lo eng Reih méi grouss Kaliberen op eise klengen Duerfveräin duer kommen. Mir sinn awer gutt préparéiert a sportlech gutt opgestallt fir dësen Challenge unzehuelen. Wëll d'Transfertperiod awer schonn eriwwer ass, wäerten keng Neizougäng méi méiglech sinn. Mir sinn trotzdeem gutt opgestallt a sinn eis sécher dass eis Equipe voller Motivatioun an Éiergäiz weise wäert dass den FC Berdenia och Eirepromotioun kann!

Mir zielen op äer Ënnerstëtzung!

MIR SI BERBUERG!