E puer Statistiken fir den Ouschterhues


19 April 2019

An der Minipaus um Ouschterweekend presentéieren mir eise Fans e puer Statistiken zu der Réckronn.

9 verschidder Spiller hu schonn e Goal geschoss säit der Wanterpaus. Doraus kéint een interpretéieren dass quasi eis komplett Equipe goalgeféierlech ass an den Erfolleg nët nëmmen op engem eenzelne berouht. Eis Goalgetter vun der Réckronn sinn déi hei:

4 Goaler: Rayan Rafdy
3 Goaler: Achmed Boussi (+1 an der Coupe FLF), Moritz Habscheid
1 Goal: Daniel Contrino, Ibrahim Diop, Eric Galetto, Philipp Galle, Tom Maurer, Charel Weidert

Bei nëmmen 9 Géigegoaler, ginn daat insgesamt 16 Berbuerger Goaler an deenen 8 Championnatsmatcher an domat déi meescht geschosse Goaler vun der Réckronn am 2. Bezierk vun der 1. Divisioun. Den CS Sanem a Weiler kommen awer direkt hannendrun mat jeweils 15 Goaler. Fir eis Equipe mecht daat am Schnëtt 2,0 Goaler pro Match. Zum Verglach, lescht Saison hate mer en Duerchschnëtt vun 1,8 Goaler pro Match.


Wa mer eng Tabell nëmme vun der Réckronn zéihen, da kënnt folgend Bild derbäi raus:

1. FC Yellow Boys Weiler-la-Tour (18 Punkten)
2. CS Sanem (18 Punkten)
3. FC Berdenia Berbourg (17 Punkten)
4. FC Mondercange (13 Punkten)
5. CS Grevenmacher (13 Punkten)

Den FC Berdenia huet 17 vu méiglechen 24 Punkten an der Réckronn geholl, an ass dobäi nach een Tour weider komm an der Coupe FLF. Nëmmen 1 Match ass verluer gaangen, nämlech deen alleréischten no der Wanterpaus géint Weiler. Am Duerchschnëtt sinn daat 2,125 Punkten pro Match. Zum Verglach, den aktuellen Tabelleleader vun der BGL Ligue F91 Dudelange huet e Punktenduerchschnëtt vun 2,15 pro Match an der laafender Saison.

Wa mer op de Restprogramm kucken, sou geet et nächste Mëttwoch weider an der 1/4-Finall vun der Coupe FLF, doheem géint FF Norden 02. Duerno spille mer géint Ekippen déi sech éischter am Mëttelfeld vun der Tabell bewegen, respektiv och deelweis géint den Ofstieg kämpfen a soumat och net op déi liicht Schëller ze huele sinn. Ganz interessant wäert allerdéngs eisen allerleschten Championnatsmatch doheem géint den FC Mondercange ginn (Sonndes, den 19. Mee), wann et fir eise Géigner héchstwahrscheinlech ëm den Opstieg wäert goen, an deen Dag natierlech och eise Koubingo um Terrain statt fënnt.

Mir si Berbuerg!