Derbyweekend mat 2 Gesiichter


14 March 2022

FC Jeunesse Biwer II - FC Berdenia Berbourg II 1-4
FC Jeunesse Junglinster - FC Berdenia Berbourg 1-0
 
Den Derbyweekend ass e Freideg zu Biwer virun enger schéiner Zuschauerkuliss ugaangen. Et huet ee gemierkt dass Derby war, och um Terrain wou béid Equippen sech näischt geschenkt hunn a leidenschaftlech an d'Zweekämpf gaange sinn. Eis Berbuerger Bouwen hunn e proppere Ball gespillt an hunn de Match iwwer wäit Strecken dominéiert. Goaler vum Max Schrantz (14. Minutt), David Schuster (31. Minutt), Leandro Lopes (60. Minutt) an nach eng Kéier David Schuster (71. Minutt). Den Uschlosstreffer huet de Christian Weis an der 87. Minutt gemaach. Deemno eng ganz kloer a verdéngte Victoire mat 3 wichtege Punkten fir eis zweet Equipe.
 
E Sonndeg zu Jonglënster huet een awer e ganz aaneren Derby gesinn. Ouni 4 Stammspiller op Säiten vun eiser éischter Equipe war et vun Ufuanks un en onspektakulären an zéihen Eirepromotiounsmatch. Phaseweis huet ee gemengt déi eng Equipe géif op e Fehler vun deenen aanere waarden fir sech eppes ze trauen. Strofraumszenen sinn et kaum ginn. Et huet laang no engem klasseschen 0-0 ausgesinn éier Lënster an der Schlussphase e bëssen méi aktiv ginn ass a sech sou och 5 Minutte viru Schluss mam 1-0 belount huet. Do hate mir näischt méi dergéint ze setzen sou dass mer keng Punkten aus dësem Derby matheem geholl hunn.
 
Niewt dem Derbyféiwer ass och de Penaltyféiwer rëm ausgebrach. No 2 Joer Paus, fënnt dëst Joer eisen Eelefmetertournoi KINGS of PENALTY rëm statt, an zwar Samschdes, den 28. Mee zu Berbuerg um Terrain. Mellt är Equipe mat 5-6 Spiller elo schonn op www.penalty.lu un!
 
#MIRsiBERBUERG