Den FC Berdenia spend Trikot'en


28 November 2018

#2ndlife4jerseys #berdeniaworld #bearsofguineaconakry #Sorigoal

No engem Opruff vun engem Frënd an aalbekannten "Goalgetter" aus éisem Ländchen, de Soriba Camara, huet den FC Berdenia Berbourg d'Éier, d'Kanner aus senger Heemecht Guinea/Conakry eng Freed gemaach ze hunn. Mat Material (Bäll, Poschen...) an Uniformen iwwert déi sech rieseg gefreet gouf, ass d'Bärefamill an der Welt méi grouss gin. Fussball verbënnt an ass international. All eenzel Kannerlaach ass een Stëck besser Welt. De Soriba seet Merci, d'Kanner soe Merci an och den FC Berdenia seet Merci dass mir hëllefe konnten.

Och en décke Merci eisem Trainer dem Jorge Freitas, deen dës Aktioun an d'Weeër geleed huet an deen och mol méi wäit wéi de Fussball denkt a sech ëmmer fir de gudden Zweck asetzt.

MIR SI BERBUERG!

https://www.facebook.com/100000546606549/posts/2365283346833196/