De Sam Faber ass rëm do!


25 January 2022

Eise Keeper mecht den Transfert zréck op Berbuerg a wäert eiser zweeter Equipe fir d'Réckronn zur Verfügung stoen. De Sam war scho bei eiser éischter Equipe an der 1. Divisioun am Goal an hat zu Berbuerg opgehal fir op d'Uni ze goen. Während senger Studienzäit huet de Sam fir e lokale Veräin zu Heidelberg gespillt an ass lo rëm am Land. Welcome back, Sam!
 
#MIRsiBERBUERG