De Match an och d'Tabelleféirung verluer


07 November 2022

FC Berdenia Berbourg - FC Jeunesse Canach 1-3
 
Am Heemmatch géint Kanech starten eis Bären net gutt an de Match sou dass mir schonn an der 14. Minutt mat 0-1 a Réckstand gerode sinn. Duerno fänke mir eis awer e bëssen a kommen an der 24. Minutt zum 1-1 Ausgläich. Den Daniel Contrino, deen et scho kuerz viirdrun mat engem strammen Distanzschoss probéiert hat, kann dës Kéier en direkt Fräistouss aus ronn 25 Meter an de Filet setzen.
 
Iwwert de ganze Match ware mir onglécklech an ze harmlos an den Zweekämpf an déi leschte Konsequenz huet oft gefeelt. Kanech war iwwer wäit Deeler méi present an aggressiv, woubäi eis Equipe hier spilleresch Dominanz, déi een aus aanere Matcher kennt, dës Kéier net konnt op den Terrain bréngen.
 
Déi zweet Halschent hate mir dann nëmme wéineg Geféierleches ze bidden. Dofir kënnen d'Gäscht awer nach zweemol zu hiere Gonschten noleen. An der 63. Minutt gëtt eis Verteidegung op engstem Raum am Strofraum ausgedanzt a muss den 1-2 schlécken. An der Nospillzäit kreie mer dann nach en onglécklechen Handeelefmeter géint eis gepaff sou dass hieren Topstiermer Bop fir den 1-3 Endstand suerge kann.
 
Domat bleiwe mir bei 20 Punkten, ginn an der Tabell vum FC Schifflange iwwerholl a rutschen op déi zweete Plaz of. Nächste Sonndeg gräifen eis Bären beim 12.-plazéierte Yellow Boys Weiler-la-tour awer rëm voll un.
 
Eis zweet Equipe huet um Freideg och mat 3-1 bei der Union Remich-Bous verluer. Eise Goal huet den Noah Feyder op Viirlag vum Pit Chennaux geschoss. E Freideg 11/11 um 20h geet et da weider mam Heemmatch géint d'Reserven vum FC Alliance Äischdall Hobscheid-Eischen.
 
Elo och scho viirmierken: Den 2. & 4. Dezember ass de Glühbääär am gehëtzten Zelt beim Terrain zu Berbuerg! Kommt bis laanscht a glüüüht mat!
 
#MIRsiBERBUERG