DANKE ARI


21 May 2021

Dës Woch huet den Ahmed "Ari" Boussi säin Ofschied am Kreess vun der Equipe gefeiert. De Leeschtungs- a Sympathieträger verléisst no vill Joren déi orange Bärefamill. Zënter 2014 war hien net nëmmen d'Gesiicht vun der Equipe, mee ënner aanerem och zum Kapitän, wäertvolle Goalgetter a Sprachrohr vun der Equipe erugewuess. Mat 32 Joer sicht hien awer lo eng nei Erausfuederung a wäert als Co-Trainer a Spiller bäi säi Brudder Bilal Boussi bei de VFL Trier wiesselen.

Ari wir danken dir für die schöne und erfolgreiche Zeit beim FC Berdenia und wünschen dir alles Gute für die Zukunft!

Mir si Berbuerg!