D'Saison ass eriwwer!


23 May 2022

FC Berdenia Berbourg - Blo-Wäiss Medernach 4-3
 
am leschte Match vun der Saison ass et fir béid Equippen ëm net méi vill gaangen, just nach ëm eng besser Plazéierung an der Tabell. Deemno konnt een sech am Viirfeld op e gemittleche Match astellen. Mee béid Säiten wollte sech näischt schenken a sou hat et och de Spillverlaf a sech. Mir ginn an der 27. Minutt duerch den Imran Radfy mat 1-0 a Féirung fir eis direkt am Géigenzuch rëm den Ausgläich anzefänken.
 
No der Paus komme mir net gutt aus der Kabinn sou dass Medernach den 1-2 an der 48. Minutt an den 1-3 an der 59. Minutt maache kann. An der 71. Minutt bréngt ee vum Jakub Jarecki verwandelten Penalty eis rëm zréck an de Match. Et sollt och de Jakub Jarecki sinn deen de Match mat 2 weidere Goaler an der 79. a 86. Minutt zu eise Gonschten dréihe kann. Sou gewanne mir um Enn mat 4-3 géint Miedernach a schléissen d'Saison mat 42 Punkten op der 8. Plaz vun Eirepromotioun of, där héchster Plazéierung an der Veräinsgeschicht!
 
Bravo un d'Equipe an un den Trainerstaff!
 
Och eis zweet Equipe huet d'Saison dëse Weekend ofgeschloss. No engem turbulenten 3-3 um Freideg Owend géint Jeunesse Canach steet d'Equipe schlussendlech mat 35 Punkten op der 7. Plaz an der 2. Klass vun de Reserven an domat kloer iwwert dem Strech vun de 6 Ofstiegsplazen. Bravo och un de Joel a seng Equipe!
 
Nächste Weekend steet de grousse Penalty Weekend um Programm! DON'T MISS IT!
 
#MIRsiBERBUERG!