D'Saison ass eriwwer


22 April 2020

Opgrond vun der aktueller Situatioun vun der Covid-19 Pandemie, huet de Conseil d'Administration vun der FLF décidéiert de Spillbetrieb a sämtleche Kategorien ofzebriechen an de leschten Tabellestand ze wäerten. Mat Ausnahm vun der BGL Ligue sin domat d'Klassementer an allen Divisiounen validéiert an déi Ekippen op den direkten Opstiegsplazen steigen op, Barragematcher ginn et keng an et steigt och keen of. Weider Detailer waat daat genau fir déi kommend Saison bedéit kommen zu engem spéideren Zäitpunkt no.

Op allefall heescht daat fir den FC Berdenia dass eis éischt Equipe sech eng exzellenten drëtte Plaz mat 32 Punkten, an domat virum grousse Rival an Opstiegsaspirant CS Grevenmacher, geséchert huet. Als aktuellen éischten an der Tabell steigt den SC Bettembourg no enger tadelloser Leeschtung verdéngt an d'Eirepromotioun op. Gratulatioun!

Gläiches gëllt och fir eis zweet Equipe. No enger souveräner Leeschtung steet si aktuell mat 31 Punkten verdéngt op der éischter Plaz an der Tabell a kann domat den Opstieg an déi zweet Klass Reserven feieren. Bravo Jongen.

E grousse Bravo an en décke Merci geet deemno och un eis Seniors-Traineren Jorge Freitas a Pol Crelo déi dëse super Klassement mat hieren Ekippen konsequent erschafft hunn. 

Leider ass eis Fussballssaison domat definitiv eriwwer a mir wëssen net wierklech wéi et weider geet. Op allefall wëlle mir lo schon all eise Memberen, Supporter a virun allem eise Sponsoren am Viraus en décke Merci soen, dass sie eis hoffentlech och weiderhinn an dësen onsécheren Zäiten ënnertstetzen. Villmools Merci an bis demnächst um Terrain!

Mir si Berbuerg... an nach vill méi!!!