Cyril Wagner eenzegen Wantertransfert


01 February 2020

Den FC Berdenia huet seng Transfertaktivitéiten fir dëse Wanter oofgeschloss. Als eenzeg Verstäerkung stéisst de Cyril Wagner bei eis Equipe derzou. Den 20 Joer aalen polyvalenten Offensivspiller kënnt vun der Union Mertert-Wasserbillig. Wëllkomm a bonne Chance!

Leider hu mer och een Ofgang ze verzeechnen. De Ren Anda, deen eis an der Viirronn eng ganz Partie Goaler gemaach huet, an deen och vun UMW ausgeléint war, ass zréck a säin Heemechtsland Japan a steet eis fir d'Réckronn leider net méi zu Verfügung.

Mir si Berbuerg!