Covid Update


11 December 2020

Mat der Verlängerung vun de Kontaktbeschränkungen bis de 15. Januar, gëtt och de Restart vum Fussballs-Championnat verréckelt. Wéi d'FLF haut matdeelt geet et fir d'Seniorséquippen de Weekend vum 7. Februar rëm lass a fir d'Jugendkategorien de Weekend vum 21. Februar 2021.

Desweideren ass lo scho gewosst dass et keng Barragematcher wäerte ginn. D'Saison an der Eirepromotioun wäert bis spéidstens 30. Juni 2021 goen. Wa bis dohinner manner wéi d'Halschent vun de Matcher sollte gespillt sinn, gëtt d'Saison ouni Wertung annuléiert (ouni Of- an Opsteiger). Wa méi wéi d'Halschent vun de Matcher gespillt ginn, gëtt d'Saison mat der leschter Tabell gewäert fir déi direkt Of- an Opsteiger ze ermëttelen.

En détailléierte Planning gëtt am Januar vun der FLF publizéiert.

Bis dohinner bleift gesond!
Mir si Berbuerg!