COVID-19 Update


04 November 2020

"MATCHDAY" heescht et rëm geschwënn, awer net méi am Joer 2020. Wéi d'FLF matdeelt wäert fir all eis Equippen d'Reprise vum Championnat réischt Ufanks 2021 sinn. Eis Seniorséquippen fänken de Weekend vum 10. Januar 2021 rëm un, d'Jugend de Weekend drop. Weider Detailer komme secher an den nächste Wochen no!

Deemno befanne mir eis aktuell schonn an enger viirgezugener Wanterpaus an hoffen dass mir eis am neie Joer fit a gesond erëmgesinn !

Mir si Berbuerg!