COVID-19 Reglement Stade Renert


10 August 2020

An Zesummenaarbescht mat der Gemeng Manternach an en ligne mat de Recommendatioune vun der FLF, huet den FC Berdenia Berbourg eng Reih Regelen ausgeschafft fir d'Zuschauer op de Matcher am Stade Renert empfänken ze kënnen.

ZUSCHAUER SINN OP ALLE MATCHER WËLLKOMM! - et gëllen awer folgend Regelen:

- Bäi der Zirkulatioun am Stade Renert (bei der Entrée, bei der Sortie, um Comptoir an der Buvette souwéi och op den Toiletten) gëllt e Mindestabstand vun 2 Meter a Maskepflicht.

- Während dem Match sinn d'Zuschauer gebieden sëch op déi markéiert Plazen ze sëtzen. Wann een nët sëtzt gëllt Maskepflicht.

- Iessen an Drénken just wann ee setzt. Gedrénks gëtt a Fläschen verkaft (adaptéiert Offer!). Iessen gëtt réicht zu engem spéideren Zäitpunkt ugebueden.

- All Zuschauer muss an der Entrée en Ziedel mat séngem Numm a sénger Telefonsnummer ofginn. Am beschten préparéiert jiddereen daat schonn doheem a geheit den Ziedel an der Entrée an d'Këscht fir Stau an der Keess ze vermeiden.

- Am Fall vun enger Infektioun, w.e.g. direkt op info@berdenia.lu Bescheed soen. Den FC Berdenia Berbourg iwwerhëllt keng Haftung!

Mir bieden Iech dës Regelen strengstens ze respektéieren sou dass mir och weiderhinn Fussballsmatcher mat Zuschauer kënnen organiséieren. Ween d'Regelen net respektéiert, gëtt vum Site verwisen.

Am Viraus e grousse Merci u jiddereen fir äre Versteesdemech!

Mir si Berbuerg!