Coupe Reserves: Keng Chance géint Wolz


10 September 2019

FC Berdenia Berbourg II - FC Wiltz 71 II 1-5

Wolz aus der 2. Klass vun de Reserven huet direkt vun Ufank un Drock gemaach, an de Ball schéin an hire Reihen lafe gelooss esou dass déi Orange nëmmen hannendrunn gelaaf sinn. Schonn no 5 Minutten ass den 0-1 gefall. Wolz huet weider drockvoll no viir gespillt a konnt och an der 15. an an der 21. Minutt zwee weider Goaler maachen. Duerno ass och endlech eng Reaktioun vun eiser Equipe komm, déi du mol méi aggressiv an d'Zweekämpf gaangen ass an och mol déi eng oder aaner Aktioun no viir gespillt huet. An der 31. Minutt huet de Manuel Kaufmann per Eelefmeter op 1-3 verkierzt. Lo war de Match méi ausgeglach woubäi Berbuerg suguer hätt kënnen, wann net missten, den 2-3 kuerz virun der Halschent maachen, mee de Ball wollt net iwwert d'Linn.

No der Paus waren beid Equippen weiderhinn gläichwäerteg. Bis op déi 55. Minutt, wéi eis Equipe mat enger giel-rouder Kaart op 10 Mann reduzéiert ginn ass. Taktesch hu mer doropshinn missten op eng Dräerkett emstëllen, waat dem Géigner natierlech méi Plaz fir ze Konteren ginn huet. A genau sou ass och an der 61. Minutt den 1-4 gefall. Duerno war d'Loft definitiv raus, Wolz hat nach eng Reih Chancen déi eise Keeper gréisstendeels konnt entschärfen. Ausser an der 86. Minutt, wéi de Filet leider nach eng Kéier gewackelt huet an d'Schlussresultat op 1-5 zu Gonschten vum FC Wiltz 71 gesat huet.

Elo ass et un der éischter Equipe daat besser ze maachen, wann si den 22. September an der Coupe de Luxembourg och géint Wolz spillt.