Coupe Renert dëse Weekend zu Berbuerg


07 August 2019

En Donneschdeg, Freideg a Sonndeg fënnt eis Summercoupe am Stade Renert statt. Hei den detailleierte Spillprogramm:

Donneschdes, 8. August 
Qualifikatioun Grupp A (1 x 45 Minutten) 
19h30 CS Grevenmacher - Union Mertert-Wasserbillig 
20h20 Union Mertert-Wasserbillig - Berdenia Berbourg 
21h10 Berdenia Berbourg - CS Grevenmacher 

Freideg, 9. August 
Qualifikatioun Grupp B (1 x 45 Minutten) 
19h30 Marisca Mersch - US Berdorf-Consdorf 01 
20h20 US Berdorf-Consdorf 01 - Blo Wäiss Medernach 
21h10 Blo Wäiss Medernach - Marisca Mersch 

Sonndeg, 11. August 
Finallen (2 x 45 Minutten) 
14h30 Match fir d'5. Plaz 
16h30 Match fir 3. Plaz 
18h30 Grouss Finall 

Den Entrée ass fräi, a fir Iessen an drénken ass iwwer déi 3 Deeg beschtens gesuergt.