Coupe

Coupe "70 Joer" dëse Weekend am Stade Renert

Am Kader vu sénge 70 Joer invitéiert den FC Berdenia Berbourg dëse Weekend op séng Summercoupe fir Seniorséquipen zu Berbourg am Stade Renert.
 
D'Qualifikatiounsmatcher ginn en Donneschdeg an e Freideg ab 19h30 gespillt an dauere jeweils 1x45 Minutten. D'Finalronn fënnt e Sonndeg ab 14h30 mat Matcher à 2x45 MInutten statt woubäi déi grouss Finall ëm déi éischt Plaz um 18h30 gespillt gëtt.
 
 
Hei de komplette Programm:
 
Grupp A: Donneschdeg, 09. August 2018
 
19h30 FC Muinsbach - FC Jeunesse Biwer
20h20 FC Jeunesse Biwer - FC Berdenia Berbourg
21h10 FC Berdenia Berbourg - FC Munsbach
 
 
Grupp B: Freideg, 10. August 2018
 
19h30 CS Grevenmacher - US Berdorf-Consdorf 01
20h20 US Berdorf-Consdorf 01 - Union Mertert-Wasserbillig
21h10 Union Mertert-Wasserbillig - CS Grevenmacher
 
 
Finallen, Sonndeg 12. August 2018
 
14h30 Match ëm Plaz 5
16h30 Match ëm Plaz 3
18h30 Finall
 
 
Mir hoffen iech zahlreich op eiser Coupe 70 Joer begréissen ze kënnen. Den Entrée ass fräi, d'Buvette an de Grill sinn op.
 
 
Vergiesst och net eise grousse Galamatch e Samsdeg 11. August um 18h00 am Stade Renert : Hennes Weisweiler Elf (Borussia Mönchengladbach Traditionsmannschaft) - Luxembourg Allstars (ALAIF - Association Luxembourgeoise des Anciens Internationaux de Football)