Chrëschtfeier beim FC Berdenia


17 December 2018

Kuerz virun de Feierdeeg huet och den FC Berdenia Berbourg säin Ofschloss vun der Viirronn a vum Joer 2018 gefeiert. Iwwer 60 Leit vu Seniorspiller an Traineren iwwer Comité a Betreierstaff haten e Samsdeg den Owend de Wee an de Restaurant vun eisem Sponsor Boca Loca zu Iechternach fonnt. Bei engem Patt an engem gudde Maufel war d'Stëmmung ausgelooss. An och wann et net d'Zäit vun de grousse Rieden a sportlechen Debatte war, sinn trotzdeem eng Reih Merci'en ausgeschwat ginn an eng Partie Cadeau'en verdeelt ginn. Et war e gelongenen Owend an der Berdeniafamill, deen Verschiddener nach um Crëschtmaart zu Iechternach ausklénge gelooss hunn. Och en décke Merci un de Boca Loca dass si eis sou gutt empfaang hunn.