Chalumeau a Weyland weider Transfert'en


06 June 2018

Haut kënne mir zwee weider jonk an dynamesch Transfert'en annoncéieren.

De Kylian Chalumeau (lénks op der Foto) huet 21 Joer a wiesselt vum FC 72 Erpeldange op Berbourg. Déi läscht 3 Joer war hien do als zentralen Mëttelfeldspiller aktiv an huet dës Saison massgeblech zum Klassenerhalt vun Ierpeldéng an der Eirepromotioun beigedroen. An der Jugend huet hien enner aanerem fir den FC Metz gespillt.

De Bruce Weyland (riets op der Foto) ass mat séngen 19 Joer e jonken a grouss gewuessenen Innenverteideger deen
séng ganz Jugend zu Ettelbréck gespillt huet, a wou hien och d'läscht Saison Kapitän vun de Junioren war.

Allebéid hu se fir 3 Joer beim FC Berdenia ënnerschriwwen a wäerten hoffentlech eng gutt Entwécklung zu Berbourg huelen. Welcome Kylian a Bruce.