Cattazzo a Maurer op Berbourg


18 June 2018

Zwee weider Zougäng fir déi nächst Saison.

De Luc Cattazzo (lénks op der Foto) ass en 21 Joer ale Keeper deen vum FC Munsbach op Berbourg wiesselt. No enger schwéirer Verletzung ass hien no der Wanterpaus Stammkeeper zu Mensbech ginn, huet eng staark Réckronn gemaach a konnt deen een oder aanere Punkt festhalen.

Den Tom Maurer (riets op der Foto) ass och 21 Joer al a kënnt vum FC Jeunesse Canach. Zanter 4 Joer ass hien Kaderspiller zu Kanech an der BGL Ligue, resp. Eirepromotioun. Virun 3 Joer huet hien Kanech mat sengem Kappballgoal am Barragematch an d'BGL Ligue geschoss. Weinst de Studien kann den Tom net méi all Dag an der Woch trainéieren a wäert séng Fähegkeeten déi nächst Saison zu Berbourg asetzen.

Beid Spiller kommen op temporairer Basis fir 1 Joer op Berbourg. Wëllkomm a bonne Chance.