Cacau wiesselt fir déi nei Saison op Berbuerg


01 April 2022

UPDATE: Um 1. Abrëll hate mir annoncéiert dass de Cacau géif op Berbuerg wiesselen. Dëst ass natierlech net wouer. Trotzdeem ass et méiglech fir hien déi eng oder aaner Kéier zu Berbuerg op der Tribün ze begéinen, hien ass Beroder vun engem vun eise Spiller! D'Foto ass am Kader vum Spiller sengem Transfert gemaach ginn ;-)

Hei den originalText vun eisem Abrëllsgeck 2022:


De 40-järegen Däitsch-Brasilianer kënnt aus private Grënn an d'Grenzregioun wunnen a well et fir de Cacau kee Liewen ouni Fussball gëtt, wäert hien déi kommend Saison fir den FC Berdenia op Goaljuegd goen. A senger Glanzzäit huet de Cacau laang Joren fir de VFB Stuttgart an den 1. FC Nürnberg an der däitscher Bundesliga gespillt wou hien iwwer 100 Goaler geschoss huet. Ausserdeem ass hien 23 mol fir déi däitsch A-Nationalmannschaft opgelaf a war bis lescht Joer Integrationsbeauftragter beim DFB. Mir freeën eis fir zukünfteg sou en erfuerenen a goalgeféierleche Spiller an eise Reihen ze hunn.
 
Auf viele Tore, Willkommen in Berburg, Cacau!
#MIRsiBERBUERG