Berdenia Season Opening 2022


22 July 2022

Den FC Berdenia Berbourg invitéiert op säi Berdenia Season Opening, deen dëst Joer an zwou Etappe stattfënnt.
 
Samschdes, de 6. August ginn déi éischt Heemmatcher vun der neier Saison um syntheteschen Terrain gespillt: 
14h30 FC Berdenia Berbourg 2 - FC Jeunesse Biwer 2
17h00 FC Berdenia Berbourg - Union Mertert-Wasserbillig
 
Sonndes, de 14. August ass dann eise neie Grasterrain prett fir säin éischten Härtetest:
17h00 Neieröffnung vum Grasterrain an der "Street Wheels Arena" a Presentatioun vun der Equipe 22/23
18h00 FC Berdenia Berbourg - Union Lorraine de Plantières
 
D'Buvette ass op. Kommt bis laanscht a maacht Iech selwer e Bild vun der Equipe. Dee Weekend drop geet et da lass mam Championnat. Den éischte Match vun der Eirepromotioun 22/23 spille mir Sonndes, den 21. August um 16h00 zu Rëmeleng.
 
#MIRsiBERBUERG