berdenia.lu am neie Look

Screenshot Homepage



31 August 2017

Ab haut huet den FC Berdenia Berbourg eng nei Internetpräsenz. Zesummen mam Netzwierk "Sport50", op daat och vill grouss Veräiner aus der lëtzebuerger Fussballswelt vertrauen, ass iwwert déi läscht Wochen eng komplett nei Homepage op der Adress www.berdenia.lu entstaanen.



Am neien a modernen Design, wäerten eis Fans op dëser Plaz och weiderhinn eng Reih Informatiounen an Neiegkeeten iwwert Manifestatiounen, Seniors- a Jugendberäich souwéi och Fotoen a Matchberichter fannen.



Nei ass och dass den Internetsite méi interaktiv ass, wou eis Frënn a Fans sech kënnen aschreiwen fir Artikelen ze kommentéieren oder Neiegkeeten ze kréien déi net onbedéngt dem grand public zougänglech sinn.



Et gëtt och eng speziell Smartphoneversioun wou een déi wichtegst Informatiounen ëmmer an iwwerall ofruffe kann.



Säit 2011 huet den FC Berdenia Berbourg eng eegen Internetpräsenz. Viru ronn 6 Joer war déi deemols op d'Been gestallt ginn an zënter hier mat villen News gefiddert ginn. De Veräin seet eisem ehemolegen Comitésmember Marc Pitzen Merci dass hien sech all déi Joren dorëm gekëmmert huet. D'Adress "www.berdenia.eu" wäert aus technesche Grënn an noër Zukunft ofgeschallt gin.



An elo vill Spaass beim surfen op www.berdenia.lu