Berdenia Chrëschtfeier 2019


08 December 2019

E Samsdeg de 7. Dezember 2019 hu mir den Oschloss vum Joer bei eisem Sponsor am Restaurant Koeppchen zu Wormer gefeiert. Zahlreich haten sech d'Spiller vun der éischter an zweeter Equipe, souwéi och d'Traineren, de Comité an eng ganz Partie Fraen afonnt fir zesummen ze feieren. Bäi guddem Iessen an ausgeloossener Stëmmung stoung daat ronnt Lieder mol eng Kéier net am Mëttelpunkt, mee d'Kolleegialitéit an den Amüsement. Ausserdeem hat den Trainer Jorge Freitas sech eppes afaale gelooss, a jidderengem eng kleng Iwwerraschung a Form vun enger gutt gefëlltener Tiitchen gemaach. Décke Merci un de Jorge fir säin Engagement an u jiddereen deen sech am Joer 2019 am Dress vum FC Berdenia engagéiert huet. Mir soen och dem Metty an dem David vum Restaurant Koeppchen villmools Merci. Et war e wierklech gelongenen Owend.

Mir si Berbuerg!