Berbuerger Duerfbeschass


11 May 2019

Virum leschte Championnatsmatch, e Sonndeg den 19. Mee, ass rem dee grousse Berbuerger Duerfbeschass. De flotte Koubingo fënnt dëst Joer fir d'zweet um Fussballsterrain zu Berbuerg statt. Maximal kann een 3125 Euro gewannen.

Em waat geet et?
De Fussballsterrain gëtt an 1000 virtuell Parzellen ennerdeelt. Duerno gëtt eng gutt genierten Kou drop lass gelooss an der Hoffnung dass se geschwenn e grousst Geschäft mecht. Daat Feld wou d'Kou als éischt drop kackt gewënnt. 25% vun de Gesamteinnahmen (also maximal 3125 Euro) ginn dem Gewënnerfeld zougedeelt. De Gewënn gëtt duerch d'Unzuel vun de Leit gedeelt déi daat Feld fir sech gebucht haaten. Déi emleiend Felder kreien awer jeweils och nach e méi klengen Undeel vun den Einnahmen.

Wéi kann ech matmaachen?
Et kann ee sech Duerfbeschassticket'en bei de Comitésmemberen an de Seniors Spiller vum Veräin kafen, fir 5 Euro d'Stéck. E Feld kann och méi wéi eemol gebucht ginn. Ticket'en kënnen nach bis 30 Minutten virum Start kaaft ginn.

Ab 12h00 gëtt d'Kou an d'Arena gelooss. Wann d'Kou bis hiert Geschäft gemaach huet ass d'Spill eriwwer. Falls d'Kou net sollt kacken, dann gewënnt daat Feld wou um Punkt 15h00 der Kou hiere Schwanz driwwer hänkt.

Ween sech dëse Spektakel wëll live ukucken ass häerzlech wëllkomm am Stade Renert, nächste Sonndeg den 19. Mee 2019 ab 12h00. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Um 16h00 ass dann de leschte Championnatsmatch FC Berdenia Berbourg - FC Mondercange.

Bonne merde!