Berbuerger Arbitteren an der Europa League


04 October 2019

Um Donneschdeg stoungen eng Reih Partien an der Gruppephase vun der UEFA Europa League um Programm. Niewt dem F91 Dudelange waren nach 4 weider Lëtzebuerger am Asaz. Zu Lissabon am Estádio José Alvalade huet eng lëtzebuerger Arbitterdelegatioun de Match Sporting Lissabon géint de Linzer ASK aus der Grupp D geleed. Rondrem den Haaptarbitter Alain Durieux, waren de Joaquim da Silva an de Berbuerger Gilles Becker op de Linn. De 4. Offiziellen war de Berbuerger Referee Alex Krüger. Déi knapp 50.000 Zuschauer hunn 6 Auswiesselungen, 5 giel Kaarten an 3 Goaler gesinn, woubäi de Match 2-1 fir Sporting ausgaangen ass. Eng weider Kéier e grousse Bravo un all eis lëtzebuerger Arbitteren. 

D'Matcher vun dësem Weekend 5. & 6. Oktober stinn besonneg am Zeechen vun den Arbitteren. D'FLF organiséiert zesummen mat 4 aaneren Sportsfederatiounen déi 3. Editioun vum "Weekend de l'arbitrage" deen jiddereen fir d'Aufgab vum Arbitter sensibiliséieren soll. Respektéiert den Arbitter! #NoRefNoGame #Fairplay #Respekt