Berbuerg gewënnt den Tournoi zu Biwer


05 August 2019

Mat enger gudder Equippeleeschtung hëllt den FC Berdenia sech op der Coupe Arsène Weis zu Biwer déi éischte Plaz.

Donneschdes an der Qualifikatioun hu mer eis géint den FC Jeunesse Biwer mat 3-0 a géint SG Obermosel mat 4-1 duerchgesat. Deemno hu mer um Sonndeg Owend déi grouss Finall géint den CS Grevenmacher gespillt. An engem gudde Match stoung et no 90 Minutten 2-2 gläich, sou dass de Match per Eelefmeter entscheed ginn ass. Berbuerg huet do dee coolste Kapp behaalen a konnt d'Partie an domat déi gréissten vun dienen 6 Coupen fir sech entscheeden.

En Donnschdeg, Freideg a Sonndeg vun dëser Woch ass dann d'Coupe Renert bei eis zu Berbuerg am Stade Renert. Niewt dem FC Berdenia, spillen en Donneschdeg ab 19h30 d'Union Mertert-Wasserbilig an op eneits den CS Grevenmacher. Um Freideg geet et dann fir Blo-Wäiss Medernach, Marisca Mersch an d'US Berdorf-Consdorf 01 ëm d'Qualifiktaitoun fir d'Finallen e Sonndeg. Hei de komplette Spillprogramm fir de Weekend.