Berbuerg distanzéiert Steesel


24 October 2022

FC Alisontia Steinsel - FC Berdenia Berbourg 1-3
 
Den Ufank vum Match war relativ zéi an emkämpft, just e stramme Schoss vum Vincent Scholl an der 10. Minutt konnt fir Gefor suergen, dësen ass awer leider knapp iwwer de Goal gaang. An der 25. Minutt haaten dunn déi Steeseler hier éischt richteg Chance, wéi de Stiermer no engem Corner volley ofzitt, mee den Adriano Ferraz kritt nach sou just säi Been dotëscht fir ze klären. Steesel hat nach eng Noschossméiglechkeet, déi allerdengs net all ze geféierlech war an d’Situatioun konnt vun deene Berbuerger geklärt ginn. An der 30. Minutt récupéréiert den Daouda Condé de Ball wäit an der Steeseler Halschent a spillt raus op de "Joseph" Houssam, dee mat senger präziser Flank den Amara Mbappé fënnt, dee volley kann zum 1-0 fir eis Faarwen de Ball an de Filet setzen. Kuerz virun der Halbzeit gouf et nach eng Schrecksekonn fir eis Equipe. Eise Keeper Kostas Karakostas rett no enger Flank vu Steesel a gëtt vum géigneresche Stiermer ongécklech um Kapp getraff a war doropshin kuerz vu sech.
 
De Kostas huet op d’Zänn gebass, sou dass et ouni Wiessel an déi 2. Halbzeit gaang ass. Do haaten d’Haushären dee bessere Start fir sech a konnten an der 50. Minutt no engem Mëssverständnis an eiser Ofwier den 1-1 markéieren. No 57 Minutten huet de Kostas awer du gemierkt, dass et awer net geet a sou koum dee 17-jähregen Niko Lautwein zu sengem Debut an der Eirepromotioun. Bis zur Schlussphase gouf et keng nennenswert Aktioune méi. Steesel huet zwar probéiert den 2-1 ze erzwéngen, awer déi Berbuerger stounge propper an hunn eng ganz konzentréiert ofgezockt Leeschtung an der Defensive gewisen. Zum Schluss hinn ass et dunn awer nach eemol rond gaang an an der 85. Minutt setzt sech de Joseph Houssam géint 2 Géigespiller duerch a leet riwwer op de Jabez Makanda deen eng gutt Iwwersiicht beweist an op dee grad agewiesselte Lewis Long riwwerleet, dee ganz iwwerluecht zum 1-2 markéiere kann. Domat net genuch, an der 91. Minutt ass de Joseph rëm op riets duerch a leeft alleng op de Goal wéi ee Steeseler Verteideger als leschte Mann foult a mat Rout vum Terrain flitt. Steesel hat deem näicht Geféierleches méi entgéint ze setzen, sou dass déi lescht Chance fir Berbuerg war. De Lewis Long gëtt am Strofraum gefoult an de Jabez Makanda setzt de fällegen Eelefmeter zum 3-1 fir Berbuerg eran. Kuerz drop ass Schluss zu Steesel.
 
An engem insgesamt zimmlech physeschen an haarde Match mat villen Ënnerbriechungen gewënnt den FC Berdenia de Spëtzematch beim Tabellevéierten a verdeedegt seng 1. Plaz an der Eirepromotioun. Et war spilleresch mat Sëcherheet net dee beschte Match vun eiser Equipe, mee duerfier awer kämpferesch ganz usprochsvoll, an dat als jéngsten Equipe aus der Eirepromotioun: eis Equipe hat gëschter een Duerchschnëttsalter vu knapp 22 Joër. Weider geet et nächste Sonndeg an der Coupe bei der US Feulen ier d’Woch drop den FC Jeunesse Canach fir de Kont vum 10. Spilldag op Berbuerg an d’Street Wheels Arena kënnt.
 
Eis zweet Equipe huet ënnert der Woch mat 1-6 géint US Rumelange verluer (Goal vum Dahi Sghari) sou wéi och mat 5-1 géint den FC Tricolore Gasperich gewonn (Goaler vum Jérôme Oswald, Charel Weidert, Gabor Pataki an 2x Benssad Sulejmani) a steet aktuell mat 7 Punkten am Mëttelfeld vun der Tabell vun der 2. Klass Reserven. Dëse Weekend ass Coupeweekend an domat Paus fir eis zweet Equipe. Weider geet et de 4. November um 20h00 bei der Union Remich/Bous.
 
#MIRsiBERBUERG