Berbuerg a Jorge Freitas gi getrennte Weeër


12 October 2020

No der batterer Defaite gëschter géint den Tabelleleschte vu Kärjeng huet eisen Trainer Jorge Freitas dem Veräin säi Récktrëtt matgedeelt. Och wa gewosst war dass et zwar eng flott mee schwéier Saison an der Eirepromotioun géif ginn, war et net sou gelaaf wéi hien sech daat viirgestallt hat an huet keng aaner Méiglechkeet gesinn fir e perséinleche Schlussstrech ze zéihen.

De Jorge huet déi lescht Joren gutt Aarbescht am Veräin geleescht a war vu Spiller, Fans a Veräinsverantwortlechen unerkannt. Mat him hu mir déi lescht Saison den historesche Sprong an d'Eirepromotioun gepackt. Mir wënschen him weiderhi vill Gléck an Erfolleg op sengem weidere Wee.

Als Interim iwwerhëllt den aktuelle Co-Trainer Vince Scholl, dee virun der Saison op Berbuerg komm ass. Mir wënschen him bonne Chance fir déi kommend Matcher.

Wéi et weider geet, gi dir demnächst op dëser Plaz gewuer!

Mir si Berbuerg!