Berbourg trennt sech vum Trainer
21 September 2018
Opgrond vun de rezente Resultater, sinn déi Verantwortlëch vum Veräin gezwongen ze réagéieren a sech mat effet immédiat vum Cheftrainer Patrick Zöllner ze trennen. Den FC Berdenia Berbourg seet dem Patrick Merci fir séng Aarbescht a säin Asaz.
Als Interimstrainer iwwerhëllt de Jorge Freitas de Posten an der éischter Reih. De Jorge, bis lo Co-Trainer un der Säit vum Patrick Zöllner, wäert deemno och fir de Coupematch géint d'Jeunesse muer um Samsdeg an der Verantwortung stoen an de Jongen déi néideg Motivatioun an Astellung mat op de Wee ginn.