Batter Defaite géint US Rumelange


11 October 2021

FC Berdenia Berbourg - US Rumelange 1-3
 
An der éischter Halschent waren d'Gäscht déi spillbestëmmend Equipe, och wann déi ronn 150 Zuschauer nëmme wéineg Goalszenen ze gesi kritt hunn. An der 14. Minutt huet Remeleng den 0-1 markéiert an daat mat der éischter vun nëmmen 2 Chancen an der éischter Halschent an ass verdéngt mat der Féierung an d'Paus gaangen.
 
Eis Bären sinn duerno awer wéi ausgewiesselt aus der Kabinn komm. Berbuerg ass lo besser am Match a spillt eng Offensivaktioun no där aanerer. De Jakub Jarecki léisst an der 51. Minutt nach eng 100%eg Goalchance ongenotzt. De logeschen Ausgläich fällt awer an der 62. Minutt duerch de Georgy Courbera mat engem flaache Schoss vun der Strofraumgrenz an de laangen Eck. D'Zuschauer haten lo d'Gefill dass Berbuerg de Match all Moment dréihe kéint. Allerdéngs ka Relemeng nëmme 4 Minutte méi spéit rëm a Féierung goen an an der 75. Minutt suguer op 1-3 erhéijen. Duerno hate mir näischt méi dergéint ze setzen a sou kasséiere mir nët nëmmen déi drëtt Néierlag um Stéck, mee eise Verteideger Glady Ntikala och nach eng rout Kaart an der 90. Minutt. Och wann den Asaz haut iwwer wäit Strecke gestëmmt huet, sou muss nächste Sonndeg zu Steesel eppes Zielbares derbäi rauskommen fir den Negativtrend ze stoppen.
 
Am Kader vum Match géint Remeleng ass och eise laangjärege Spiller Ahmed Boussi verabschied ginn. Dem Ari nach eng Kéier e grousse Merci fir säi jorelaangen Asaz am orangen Trikot. Méi dozou fannt dir hei: Danke Ari
 
Muer um Dënschdeg spillt eis zweet Equipe beim FC Koeppchen Wormeldange an e Freideg direkt nach eng Kéier, dann awer doheem géint FC CeBra 01, jeweils um 20h00.
 
Umellen kann een sech och scho fir eise Mullenowend, de 6. November am Beaurepaire --> info@berdenia.lu
 
#MIRsiBERBUERG