Aus "Stade Renert" gëtt "Street Wheels Arena"


06 July 2022

Den FC Berdenia Berbourg ass frou fir matzedeelen dass de Veräin rezent e Partenariat mat Street Wheels fir de Stadion zu Berbuerg geschloss huet. De "Stade Renert" dréiht deemno fir déi nächste Joren den Numm "Street Wheels Arena". Demnächst wäert sech daat dann och um a rondrëm den Terrain bemierkbar maachen wann de "Street Wheels Arena"-Schrëftzuch installéiert gëtt.
 
Street Wheels ass e jonken, dynameschen a kollegiale Betrieb deen all Service rondrëm Pneuen a Mechanik ubidd. De Betrieb ass zu Waasserbëlleg, mee ass awer och vill mat mobilen Equippen fir den Home Service ënnerwee. D'Laure an de Jérôme vu Street Wheels si ganz motivéiert fir op dësem Wee de Veräin ze ënnerstëtzen a fannen dass Street Wheels an den FC Berdenia Berbourg a villen Hinsiichten gutt beieneeng passen. Déi Verantwortlech vum Veräin fannen daat och a freeën sech op eng flott Zesummenaarbescht!
 
#MIRsiBERBUERG