An der Coupe een Tour weider


31 October 2022

US Feulen - FC Berdenia Berbourg 1-2
 
Fir d'1/16-Finall vun der Coupe de Luxembourg si mir ouni 5 verletzte Stammspiller bei d'US Feulen aus der éischter Divisioun gefuer.
 
An engem schwéiere Match hate mir an der Ufanksphase e bëssen méi Spillundeeler. Duerno konnt awer och de Géigner sech lues a lues weisen fir zu engem méi ausgeglachene Match bis zur Paus hinn ze kommen. Chance sinn et op béide Säite ginn, Feelen war e puer mol géféierlech virum eisem Goal, wou ënner aanerem eise jonke Keeper Nico Lautwein huet missten agräifen. Viirdran haten de Vincent Scholl an de Petar Perkovic awer och hier Geleegenheeten, mee ouni Succès. 
 
Nom Pausentéi leeft et da besser an eis Bären loossen de Ball laafen. Dem Lewis Long säi Schoss kann de géigneresche Keeper nach paréieren, mee an der 55. Minutt zerwéiert de selweschte Lewis Long de Vincent Scholl deen den 0-1 fir eis Faarwen mecht. Nëmme 5 Minutte méi spéit ass et de Jannik Grün deen no engem schéine Spillzuch flaach an den Eck zum 0-2 oofschléisst. Opwuel zum Schluss hinn d'Loft e bësse raus war, war et nach onnéideg spannend ginn. Den Adriano Ferraz kann an der 80. Minutt nach in extremis de Ball vun der Linn kraatzen, mee en direkt verwandelte Fräistouss an der 92. Minutt konnt net verhënnert ginn sou dass mir de Match um Enn knapp mat 1-2 wannen.
 
Domat sti mir an der 1/8-Finall vun der Coupe de Luxembourg, eppes waat mir zu Berbuerg och scho laang net méi haaten. Hoffe mer op e flotte Géigner. Gespillt gëtt allerdéngs réicht Mëttwochs den 12. Abrëll 2023.

Nächste Sonndeg geet et um 15h00 mam Championnatsmatch doheem géint den FC Jeunesse Canach weider.
 
#MIRsiBERBUERG