Als Tabelleleader an den Endspurt vun der Hironn


14 November 2022

FC Yellow Boys Weiler-la-tour - FC Berdenia Berbourg 0-2
 
No enger méi zéiher éischter Halschent wou Weiler déi besser Equipe war, komme mir nom Pausentéi mat enger aanerer Astellung besser an de Match. An der 65. Minutt ass et de Jannik Grün, dee vun engem Abstauber - no Zesummespill vu Lewis Long an Daniel Contrino - profitéiert fir aus kierzester Distanz den 0-1 ze maachen. Nëmme 4 Minutt méi spéit kann de Jabez Makanda op Viirlag vum Amara M'Bappé mat engem flaachen Distanzschoss markéieren a fir d'0-2 Endresultat suergen. An der Tabell profitéiere mir dann och dervunn dass Schëffleng géint Bissen verluer huet a klammen domat rëm op déi éischte Plaz.
 
Nächste Weekend geet d'Weltmeeschterschaft am Qatar un. An der Eirepromotioun stinn awer och nach e puer weltmeeschterlech Dueller bis zur Wanterpaus um Programm. No enger klenger Paus geet et dann de 27. November um 15h00 zu Mamer an den Endspurt vun der Hironn.
 
Eis zweet Equipe huet um Freideg 1-1 géint Alliance Äischdall gläich gespillt, duerch e Goal vun iisem Kapitän Charel Weidert. De nächste Match ass Dënschdes den 22.11 um 20h00 zu Weiler. Et wier flott wann och eis zweet Equipe géif 3 Punkte vun do matbrengen!
 
#MIRsiBERBUERG