9 vun 9 Punkten an der Réckronn


28 February 2022

FC Mondercange - FC Berdenia Berbourg 1-2
 
Fir de Compte vum 18. Spilldag vun der Eirepromotioun stoung fir eis 1. Equipe en Auswäertsmatch beim Tabellenzweeten, dem FC Monnerech op der Affiche. Déi 2 Equippen ware mat jeweils 2 gewonnene Matcher gutt aus der Wanterpaus komm. 
 
Déi 1. Véirelstonn vum Match war et éischter en Oftaaschten vu béiden Equippen mat kengen zwengende Chancen. Den FC Berdenia hat de Match gutt am Grëff wéi an der 25. Minutt ee vermeidbaren awer berechtegten Eelefmeter géint eis gepaff gouf, deen och zum 1-0 fir d‘Haushären gefouert huet. Eis Jongen hu sech kuerz misste fänken fir dono awer rëm d‘Heft an d‘Hand ze huelen. Knapp 10 Minutten nom Géigegol geet de Rayan Rafdy vu riets an de Strofraum a gëtt geluecht, dem Arbitter ass dat awer scheinbar net duergaang fir en Eelefmeter fir eis Faarwen ze päifen. Kuerz virun der Paus war de Rayan Rafdy rëm am Strofraum ze fannen, säi Schoss aus spatzem Wénkel konnt awer vum Monnerecher Keeper ofgewiert ginn, sou dass et mam 1-0 an d‘Paus gaang ass.
 
Dass eis Jongen an der 2. Halschent nach déi eng oder aner Schëpp kënnen dropleeen ass net réicht säit leschter Woch bekannt a sou huet Berbuerg déi 2. Halschent an sou huet och keng 3 Minutten bis zum nächsten Opreeger gedauert. De Paco Amededjisso geet no engem schéine Solo an de Strofraum wou e Monnerecher Verteideger seng beschte Sonndesgrätsch auspeekt an de Paco sech dofir entscheed fir driwwer ze sprangen a sech net ze verletzen. Den Arbitter weist eisem Wanterneizougang onverständlecherweis Giel. Wier e getraff ginn, wier et e kloren Eelefmeter gewiecht… An der 63. Minutt war et dunn awer sou wäit: Op Flank vum Rayan Rafdy probéiert de Paco Amededjisso et mat engem Seitfallzéier deen zur perfekter Virlag fir de Jakub Jarecki gëtt. 1-1! Dono ass et eng Zäit laang hin an hier gaang ouni dass wierklech zwéngend Chancen erausgespronge wieren. An der 85. Minutt erleeft sech de Paco Amededjisso ee wäite Ball vum Vincent Scholl a setzt dëse per wonnerbarem Lupfer zum 2-1 fir Berbuerg an de Filet. Zum Schluss vum Match huet Berbuerg alles entgéint gesat fir Monnerech net nach zum Ausgläich kommen ze loossen.
 
Eng absolut verdéngte Victoire fir eis Jongen, déi lo 9 Punkten aus 3 Matcher an der Réckronn geholl hunn. Nächste Sonndeg gëllt et des gutt Form och doheem géint Biissen op den Terrain ze brengen.
 
#MIRsiBERBUERG