4 Standards, 3 Rouder, 0 Punkten


01 December 2022

FC Berdenia Berbourg - FC 95 Schifflange 0-4
 
E gebrauchten Owend fir eis Bären. D'Ufanksphase vum Match war u sech vun engem gudde Rythmus op béide Säite bestëmmt. Entgéint dem ausgeglachene Spillverlaf kréie mir an der 5. Minutt den 0-1 op Eelefmeter an eng Véirelstonn drop den 0-2 op en direkt verwandelten Fräistouss deen och nach eng rout Kaart fir eisen Daouda Condé mat sech bruecht huet. Schëffleng huet lo Blut geleckt, dréckt an Iwwerzuel a kënnt sou och an der 32. Minutt zum 0-3 no engem Korner.
 
No der Paus war d'Loft e bësse raus. An der 55. Minutt geet de Jabez Makanda sech op der Mëttellinn onnéideg eng weider rout Kaart sichen, sou dass mir lo nach just zu 9 um Stéck stoungen. Trotz der Ënnerzuel hunn déi Orange sech bis zum Schluss gewiert, mee fir de Match nach eng Kéier spannend ze maachen war net méi dran. An der 81. Minutt huet och Schëffleng eng rout Kaart op der Mëttellinn gesinn a bal mam Schlusspëff kreie mer e weideren Eelefmeter géint eis gepaff fir de Match um Enn mat 0-4 ze verléieren.
 
Egal, weider geet! Et si jo Los Wochos um an nieft dem Terrain zu Berbuerg:
-> Glühbär e Freideg ab 16h00
-> Heemmatch Seniors 2 géint Käerjeng e Freideg um 20h00
-> Glühbär e Sonndeg ab 11h30
-> Heemmatch Seniors 1 géint Bissen e Sonndeg um 15h00
 
Let's go!
#MIRsiBERBUERG