3 Punkten um Samsden Owend


14 November 2021

FC Schifflange 95 - FC Berdenia Berbourg 1-3
 
Eis Jongen konnten um 12. Spilldaag sech mat 1-3 zu Scheffleng duerchsetzen. Den Match ass um Samsden Owend gespillt gin weinst dem Lännermatch Letzebuerg geint Irland um Sonnden Owend.
 
Op engem deiwen Terrain ass Scheffleng besser an de Match komm, mat mei Ballbesetz, awer ouni wierklech gefeierlech ze gin. Berbuerg kennt awer sou lues an de Match ouni richteg Goalchancen. Scheffleng spillt sech mett der eischter Halschent 2 gudd Chancen raus, dei awer zum Gleck net konnten verwert gin. Zum Schluss vun der eischter Halschent hun eis Jongen keng weider Chancen zougeloss an selwer dei eischt offensiv Akzenter gesaat.

Den Trainer muss an der Paus dei richteg Wierder fonnt hunn, well eis Jongen kommen richteg gudd an dei zweet Halbzeit. Den Fortune Katalay kann sech innerhalb vun 3 Minuten zweemol alleng vun der Mettelline ofsetzen an zweemol eiskaal eransetzen. Domat steet et 0-2 fir eis Jongen. Berbuerg leisst Scheffleng spillen an waart op Konter. D‘ Equipe steet hannen kompakt an Scheffleng kennt nemmen sporadesch zum Ofschloss. An der Mett vum zweeten Duerchgang kann den Georgy Courbera den Deckel drop setzen wei en aus gudd 20 Meter ofzeit an den ofgefälschtenen Schoss am laangen Eck erangeet. An der Schlussphase kreien mer nach en Elefmeter geint eis gepaff deen och propper erangesaat gouff. Scheffleng probeiert nach alles fir runzekommen, awer ouni Erfolleg.

Domat huelen eis Bären net onverdengt 3 Punkten mat heem.

En Sonnden spillen mer em 16 Auer doheem geint den Marisca vun Miersch
 
#MIRsiBERBUERG