3 Punkten am éischten Heemmatch


23 August 2021

FC Berdenia Berbourg - FC Yellow Boys Weiler-la-tour 4-2

Vill Zuschauer haten sech afonnt fir den éischten Heemmatch vun der neier Saison am Stade Renert. An et sollt och direkt gutt lass goen. An der 2. Minutt trëfft de Glady Ntikala no engem Korner mam Kapp an de Goal, 1-0 Berbuerg! Nëmmen e puer Minutte méi spéit hällt eise Keeper Kostas Karakostas eis no engem gudde Wäitschoss am Match. An der 20. Minutt ass et awer de selweschte Glady Ntikala deen e Fräistouss onglécklech mam Kapp an den eegene Goal zum 1-1 déviéiert.

An der 38. Minutt kënne mir op eneits a Féierung goen. Dëst no enger Flank vum Yanick Kissi vu lénks an d'Mëtt wou de Georgy Courbera mat engem artistesch Volleyschoss aus kuerzer Distanz kann den 2-1 markéieren. D'Freed war awer nëmme vu kuerzer Dauer. An der 41. Minutt erziilt Weiler den Ausgläich mam Kapp vum grousse Stiermer deen um 5 Meter méi héich spréngt wéi eis Verteidegung.

An der zweeter Halschent geet de Match sou weider mat villem Hin an Hier an et gëtt och lo bëssen méi hëtzeg. An der 72. Minutt gëtt de Glady Ntikala ouni Bedrängnis um Mëttelkrees vum Géigner emgeméit, deen dorops hin mat Rout huet missen vum Terrain goen. Berbuerg konnt uschléissend awer net direkt aus der Iwwerzuel Profit zéihen. Déi Orange ware lo zwar iwwerleen, mee et huet bis an déi 92. Minutt gedauert bis mer rëm konnten duerch de Rayan Rafdy mat 3-2 a Féierung goen. De Schlusspunkt zum 4-2 setzt de Jakub Jarecki an der 100. Spillminutt per Eelefmeter.

Insgesamt en dynameschen an intensive Match mat ville gudde Kombinatiounen a Chancen fir béid Equippen iwwert déi zwou Halschenten, woubäi mir ënnert dem Strech de Match net onverdéngt mat 4-2 gewannen an domat den éischten 3er vun der Saison afueren.

Den Owend kënnt dir och an der Emissioun GOAL um RTL e Reportage vum a rondrem de Match géint Weiler kucken, oder de ganze Match nach eng Kéier am Replay an der RTL Live Arena op rtl.lu (Link)

Nächste Sonndeg um 16h00 steet den Derby bei eisem Noper Union Mertert-Wasserbillig um Programm.

#MIRsiBERBUERG