3 Punkte géint de BGL Ligue Oofsteiger


12 September 2022

FC Berdenia Berbourg - FC Luxembourg City 1-0
 
No engem kuerzen Ooftaaschten, kënnt Berbuerg richteg gutt an de Match a kann déi komplett éischt Halschent dominéieren. Den Oofsteiger aus der BGL Ligue hat bis zur Paus net een eenzege Goalschoss viirzeweisen. Eis Berbuerger Bären waren dynamesch, gutt organiséiert an hunn héich gepresst waat de Géigner schéin un d'Schweesse bruecht huet. 
 
No engem ongeklärte Korner land de Ball an der 17. Minutt beim Tom Fladung deen den 1-0 fir eis Faarwe maache kann. Duerno hate mir nach déi eng oder aaner Méiglechkeet fir weider Goaler ze schéissen wéi zum Beispill dem Vince Scholl säin Distanzschoss op d'Lat an der 33. Minutt an dem Finn Modler säi Schoss un d'Aussennetz kuerz virun der Paus.
 
Déi zweet Halschent stounge mir méi déif sou dass City lo och zu sengem Spill a senge Chance komm ass. Et war en intensiven an emkämpfte Match. Eng ganz Partie Fouls mat giele Kaarten a suguer enger giel-rouder Kaart fir déi Stater waren d'Konsequenz. 
 
City war déi eng oder aaner Kéier geféierlech virum Goal (z.B. an der 82. Minutt duerch e Kappball un d'Lat), mee d'Chancen fir vun eiser Säit definitiv de Sak zouzemaachen waren do (Amara M'Bappé un d'Lat an der 78. Minutt a Benssad Sulejmani an der 90. alleng géint de Keeper), mee bleiwen awer ongenotzt, sou dass et beim knappen 1-0 bleift.
 
Mat 10 Punkten sti mir lo alleng un der Tabellespëtzt an nächste Sonndeg fuere mir bei den zweetplazéierten FC Rodange 91. Spannung ass deemno garantéiert, dofir kommt eis Bären ënnerstëtzen.
 
E spannende Match wäert et de Weekend och fir eis zweet Equipe ginn, wa si e Freideg um 20h00 am Derby d'Union Mertert-Wasserbillig empfänken.
 
#MIRsiBERBUERG
 
Photo: AFNL Sport Media